STÜBLI LOVES YOU

De Stübli, eng exklusiv Almhütt mat Rooftop Terrasse, erwaart Iech vum 23. August bis den 11. September 2023 op der Fouer um Glacis. Waart net ze laang a reservéiert elo Är Platzen!

Schueberfouer 2023

Am fonkelneien a vergréisserte Stübli erwaart Iech nees top Stëmmung a Party mam DJ Daniel Mojito.

Eise Kichechef, de Guy Kirsch (Kirsch - Le Boucher), verwinnt Iech mat hausgemaache Platen a Produiten aus der Regioun.

Och dëst Joer zerwéiert Iech nees d'Team aus der Trofana Alm vun Ischgl.

Well d'Platze begrenzt sinn rode mer Iech fréizäiteg ze reservéieren fir net enttäuscht ze ginn.

Mir freeën eis op eng flott Fouer 2023!