STÜBLI LOVES YOU

De Stübli, eng exklusiv Almhütt mat Rooftop Terrasse, erwaart Iech vum 23. August bis den 11. September 2019 op der Fouer um Glacis. Waart nët ze laang a reservéiert elo Är Platzen!

Schueberfouer 2019

Am Stübli an op eiser Rooftop Terrasse mat Vue iwwert d'Fouer erwaart Iech wéi gewinnt top Stëmmung mat de beschten DJs.

Eisen neie Kichechef, de Guy Kirsch (Kirsch - Le Boucher), verwinnt Iech mat hausgemaachte Platen a Produiten aus der Regioun.

Hannert dem Comptoir zerwéiert Iech och dëst Joer nees d'Team aus der Champagner Hütte vun Ischgl.

Ënnert dem Stübli fann der de Stübli Beach, eng Terrasse am Beach Look mat Vakanze-Feeling.

Well d'Platze begrenzt sinn rode mer Iech fréizäiteg ze reservéieren fir net enttäuscht ze ginn.

Mir freeën eis op eng flott Fouer 2019!