STÜBLI LOVES YOU

De Stübli, eng exklusiv Almhütt mat Rooftop Terrasse, erwaart Iech vum 19. August bis de 7. September 2022 op der Fouer um Glacis. Waart nët ze laang a reservéiert elo Är Platzen!

Schueberfouer 2022

Am Stübli an op eiser Rooftop Terrasse mat Vue iwwert d'Fouer erwaart iech endlech nees top Stëmmung mat de beschten DJs.

Eise Kichechef, de Guy Kirsch (Kirsch - Le Boucher), verwinnt iech mat hausgemaache Platen a Produiten aus der Regioun.

Ënnert dem Stübli fann der de Stübli Beach, eng Terrasse am Beach Look mat Vakanze-Feeling. Dëst Joer kënn dir op der vergréisserter Terrasse och vun der traditioneller Menüskaart aus dem Stübli profitéieren.

Well d'Platze begrenzt sinn rode mer iech fréizäiteg ze reservéieren fir net enttäuscht ze ginn.

Mir freeën eis op eng flott Fouer 2022!