STÜBLI LOVES YOU

De Stübli, eng exklusiv Almhütt mat Rooftop Terrasse, erwaart Iech vum 23. August bis den 11. September 2018 op der Fouer um Glacis. Waart nët ze laang a reservéiert elo Är Platzen!

Schueberfouer 2018

Eisen neie Kichechef proposéiert Iech e leckere Maufel z'iessen a méi spéit erwaart Iech wéi gewinnt top Stëmmung a Club-Atmosphär mat de beschten DJs. Dëst Joer gëtt et eng nei Opdeelung vun der Terrasse, mat méi Platz, méi Party, méi Stübli!

Ënnert dem Stübli fann der de Stübli Beach, eng Terrasse am Beach Look, wou mer Iech dëst Joer lecker Tapas proposéieren.

Well d'Platze begrenzt sinn rode mer Iech fréizäiteg ze reservéieren fir net enttäuscht ze ginn.

Mir freeën eis op eng flott Fouer 2018!